
Géint 11.30 Auer ass tëscht Walfer an dem Stafelter en Auto an e Bam gerannt. D’Ekippe vu Lëntgen a Steesel hu sech ëm ee Blesséierte gekëmmert.
Zwee Ween sinn an der Route de Bumerange zu Munneref net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt an d’Ekippe vu Beetebuerg, Schengen a Munneref waren op der Plaz.
Op der Diddelenger Autobunn a Richtung Frankräich tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem sinn zwee Autoen aneneegerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Rettungsdéngschter aus der Stad a vun Hesper waren am Asaz.
Och ee Blesséierte gouf et bei engem Accident um Boulevard Adenauer um Kierchbierg. Een Auto war am Coup an d’Stater Rettungsekippen op der Plaz.