
E Sonndeg kuerz no 17 Auer hate sech um CR160 tëscht der franséischer Grenz an Diddeleng zwee Autoen ze pake kritt, eng Persoun gouf blesséiert. Um Méindeg de Moie géint 8 Auer war en Auto tëscht Fluessweiler an Uewerdonwen an de Summerwee geroden. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Um Méindeg de Mëtteg gouf et dann zwee weider Accidenter. Um kuerz viru 16 Auer hate sech an der Lonkecherstrooss zu Péiteng en Auto an e Motorrad ze pake kritt, woubäi eng Persoun verwonnt gouf. Och blesséiert gouf de Chauffer eng 20 Minutte méi spéit tëscht Noutem a Béiwen, wéi en Auto e Bam ze pake krut.