
Um 09.04 Auer hat et an Direktioun Stad tëscht engem Camion an zwee Autoe gerabbelt, dat op der Héicht tëscht Capellen a dem Briddel. Hei goufen dräi Persoune verwonnt. Nëmme zwou Minutten duerno gouf et an déi aner Richtung, tëscht dem Gaasperecher an dem Zéissenger Kräiz, en Accident tëscht dräi Autoen. Hei gouf et ee Blesséierten.
Wéi den 112 am Virfeld nach gemellt hat, gouf eng Persoun bei engem Accident zu Angelsbierg blesséiert, zwou weider Persoune goufe bei enger Kollisioun tëscht 2 Autoe verwonnt.
Géint 22.53 Auer waren d’Ambulancieren aus der Fiels an d’Pompjeeë vu Fëschbech op en Asaz an der Rue de Glabach zu Angelsbierg geruff ginn. Hei war en Auto an e Potto gerannt, eng Persoun gouf blesséiert.