Initiativ vu Fondation CancerVéier Sonnecrème-Statiounen zu Esch-Uelzecht installéiert

Christophe Hochard
Zanter e Mëttwoch fënnt een op der Brillplaz, am Laval's Park, bei der grousser Spillplaz um Gaalgebierg an am Escher Déierepark Sonnecrèmespender.
Sonnecrème-Statiounen zu Esch
An Zesummenaarbecht mat der Fondation Cancer goufen op 4 Plazen zu Esch Sonnecrèmespenderen installéiert.

Also do, wou och vill Leit, virun allem Jonker, sech ophalen.

Mam Sonneschutzfaktor 50+ kann een hei, wéi recommandéiert, d’Gesiicht, d’Äerm an d’Hänn reegelméisseg acrèmen, fir sech géint d’Sonn an deemno och géint Hautkriibs ze schützen. Wann d’Sonn schéngt, gëtt awer och recommandéiert, eng Kap unzedoen a sech vill am Schied opzehalen.

D’Sonnecrème-Statiounen zu Esch-Uelzecht gouf op Initiativ an an Zesummenaarbecht mat der Fondation Cancer opgeriicht.
Viru mëttlerweil dräi Joer huet d’Fondatioun déi gratis Sonnecrème-Apparater lancéiert. Zejoert hunn eng 20 Gemenge bei dëser Aktioun matgemaach an dës op verschiddene Plazen an hirer Uertschaft installéiert.

Iwwregens, et ginn dräi verschidden Zorten Hautkriibs. Estimatiounen no goufe virun dräi Joer 144 nei Fäll vum “schwaarzen Hautkriibs”, deem geféierlechsten, hei zu Lëtzebuerg gezielt. Gëtt e Melanom fréi entdeckt an erausoperéiert, sinn d’Heelungschancë grouss.

Back to Top
CIM LOGO