
Zanter e Mëttwoch sinn 18 nei Petitiounen online, déi bis den 23 Abrëll op d’mannst 4.500 Ënnerschrëfte musse kréien, fir ëffentlech debattéiert ze ginn.
Nom schroen Accident am Neiduerf ass et net verwonnerlech, datt ee Petitionär e Verbuet fir d’Iwwerhuele vun engem Bus, deen op engem Arrêt steet, fuerdert. An enger weiderer Petitioun gëtt och d’Flicht vum Sécherheetsgurt fir Schüler a Schoulbussen a gläichzäiteg e Verbuet fir Stoplazen an dëse gefuerdert.
Weider setzt sech ee Petitionär dofir an, datt d’Lëtzebuerger Sprooch och an d’Course fir e CCP, en DAP oder den DT integréiert gëtt. An zwou weidere Petitioune geet et ëm de Kaméidi an de Wunngebidder an am urbane Beräich. D’Petitioun N. 2712 fuerdert e Verbuet vu Kaméidi, virun allem vu Chantieren, virun 9 Auer moies. An an der Petitioun N. 2713 gëtt e Verbuet fir d’Piipse vu Camionen oder schwéiere Gefierer gefuerdert.
Den Detail an all nei Petitioune fënnt een um Site petitions.lu.