No AbrochVerdächteg Persoun konnt hannert Tankstell festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie géint 3.20 Auer gouf der Police en Abroch an eng Tankstell an der route de Bascharage zu Nidderkuer gemellt.

Wéi d'Police op d'Plaz koum, huet d'Sécherheetspersonal an de Proprietär vun der Tankstell matgedeelt, dass sech hannert der Tankstell eng verdächteg Persoun géif ophalen.

De Mann, deen tatsächlech hannert der Tankstell war, hat direkt e puer Tute mat Alkoholfläschen dobäi. Am Ganzen hat de Mann Artikel am Wäert vun 340€ an der Tankstell geklaut.

De Verdächtege gouf festgeholl a koum e Mëttwoch bei den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO