Zu EschVerdächtegen no Abroch a Liewensmëttelbuttek gestallt a festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien krut d'Police en Abroch an e Buttek an der Kanalstrooss zu Esch gemellt.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Eng Patrull konnt kuerz drop ee Verdächtegen ausmaachen. Déi geklaute Wuer hat hie bei sech.

De Parquet gouf informéiert an op hiren Uerder hi gouf de presuméierten Täter festgeholl. Dat Geklaute koum zeréck bei de Proprietär.

Back to Top
CIM LOGO