PoliceVereedegung vu 75 Polizisten

RTL Lëtzebuerg
De Mëttwoch, 18. September 2019, war am CAPE zu Ettelbréck déi offiziell Zeremonie vun de Kandidaten aus dem Groupe de traitement C1.
© PGD

Dat a Präsenz vum François Bausch, Minister fir bannescht Sécherheet, an dem Generaldirekter vun der Police Philippe Schrantz.

© PGD

Mat 75 Kandidaten zielt dëst Evenement zu enger vun de gréisste Vereedegunge bis ewell. Déi nei Inspektere ginn an de Servicer agestallt, déi zurzäit ënnerbesat sinn, mä och an der Unité de garde an am Appui opérationnel.

© PGD

Nieft enger Formatioun an der Policeschoul, déi 2 Joer gedauert huet, missten déi zukünfteg Beamte vun der Police och praktesch Stagen, theoretesch Coursen, wéi och eng Instruction tactique um Härebierg maachen.

Back to Top
CIM LOGO