Als onofhängeg VertriederinVereedegung vum Marceline Goergen an der Stater Gemeng

Roy Grotz
E knappt halleft Joer virun de Gemengewale gouf um Méindeg nach eng nei Conseillère an der Stater Gemeng vereedegt.

D’Marceline Goergen iwwerhëlt d’Relève vum Roy Reding - net als ADR-Politikerin, mee als onofhängeg Vertriederin um Knuedler.

2017 war d’Marceline Goergen mat engem Ecart vun ronn 100 Stëmmen Zweetgewielt bei der Stater ADR.

Mat wiem d’Madamm Goergen am Juni iwwerdeem mat an d’Wale geet, ass nach net decidéiert - op RTL-Nofro hin, huet et geheescht, datt dës Entscheedung nach muss op Basis vun den eenzelen Walprogrammer geholl ginn.

Nodeem den ADR-Deputéierte Reding virun annerhallwem Mount zeréckgetruede war, huet dës Partei deemno kee Vertrieder méi an der Märei um Knuedler sëtzen.

D’Marceline Goergen war am Abrëll zejoert ewell aus der ADR ausgetrueden, dat ënner anerem nodeems d’Sylvie Mischel als Presidentin bei den ADR-Fraen zeréckkomm war. D’Marceline Goergen an d’Nicky Stoffel waren doropshin aus der Partei ausgetrueden.

Am November zejoert war de Roy Reding an 1. Instanz wéinst presuméiertem Bedruch an enger Immobilien-Transaktioun verurteelt ginn - an hat doropshin als Stater Gemengerot demissionéiert.

Back to Top
CIM LOGO