Verstéiss géint Corona-ReegelenVereenzelt Restauranten, Caféen a Bare goufe protokolléiert

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Verbreedung vum Coronavirus zu Lëtzebuerg anzedämmen, huet d'Police vum 27. Juli bis den 3. August all Dag ronn 30 Kontrollen duerchgefouert.

Dobäi gouf gekuckt, ob sech un d'Hygiènesmesuren a Fermeture-Zäite gehale gouf. Vereenzelt Verstéiss goufe bei Restauranten, Baren a Caféë festgestallt, déi d'Corona-Virschrëften net agehalen hunn. Eng Partie vun hinne goufe protokolléiert.

Och an nächster Zäit wäerte weider Kontrolle gemaach ginn. D'Police erënnert drun, dass d'Ausbreedung vum Virus just kann agedämmt ginn, wann all Eenzele sech solidaresch weist a verantwortungsvoll verhält.

Back to Top
CIM LOGO