HorescaVerlängerung vun de Mesurë spillt dem Secteur net an d'Kaarten

Christophe Hochard
Zanter 2 Woche sinn nieft de Bistroen och d'Restauranten eidel. "Take Out" heescht déi nei Formule.

An anere Wierder, et gëtt ee seng Commande op an et kritt een d’Iessen op d’Aarbecht oder Heem geliwwert. Ideal wär et net, awer ëmmerhi besser ewéi näischt. Et géif virun allem vun den Deeg ofhänken, wéi vill Plate bestallt géife ginn.

De Gros vun de Commandë kënnt iwwer d’Mëttesstonn eran. Owes kënnen d’Leit tëscht 18 an 22 Auer bestellen. Déi Zäit wär et awer e gutt Stéck méi roueg ewéi mëttes. Huet de Client seng Commande iwwer Telefon bis opginn, muss et séier goen.

Am Normalfall sinn an engem Restaurant um Kierchbierg eng 28 Leit agestallt. Ablécklech schaffe wäit manner ewéi d’Hallschent.

Iwwer 10 Joer gëtt et dëse Restaurant um Kierchbierg. D’Clientèle si virun allem d’Leit, déi op de Büroe ronderëm schaffen. Wéinst dem Zouwuess um Teletravail huet dës ofgeholl. Manner Clienten heescht forcement och manner Wuer, déi bei de Grossiste muss bestallt ginn.

Wärend een déi nächst Commanden ophëlt, sinn 2 Leit vum Personal mam Ausliwwere beschäftegt.

Datt d’Corona-Mesuren elo bis de 15. Januar verlängert ginn, géif dem Horesca-Secteur net an d’Kaarte spillen. Et wär virun allem de Mount Dezember, dee finanziell wichteg wär, fir Reserven unzeleeën. D’Méint Januar a Februar géifen normalerweis méi roueg verlafen.

Back to Top
CIM LOGO