Stater GeriichtVerontreiung vu Baumaterial an Héischt vun 525.000€

RTL Lëtzebuerg
D'Affär war duerch eng Plainte vun der Firma an d'Rulle komm.
© RTL Archiv

Verontreiung vu Baumaterial - Reportage Eric Ewald

„Dir hutt bis muer de Moien Zäit, fir Är Positioun z'iwwerdenken!“: Dee Rot huet e President vum Stater Geriicht engem Mann vun 62 Joer mat op de Wee ginn, dee wéinst Bedruch de Prozess gemaach kritt. Dem Beschëllegte gëtt virgehäit, tëscht 2007 an 2015 bal 525.000 € zu Laaschte vu kéngem Ex-Patron, enger Firma fir Baumaterial, verontreit ze hunn, dat ënnert anerem duerch gefälschte Rechnungen a falsch Virementen. D'Affär war duerch eng Plainte vun der Firma an d'Rulle komm.

Déi dorop zréckzeféieren war, dass eng Bank e Virement net exekutéiert hat, wéi 3 Zeie gëschter soten. Doropshin hätt den Ugeklote gesot, hien hätt e Prêt gemaach, an dono dunn zouginn, dass dat net rechtens war, sou eng Fra. Déi, d'selwecht wéi de fréiere Sous-Direkter, dovu geschwat huet, dass een dem Comptabel, deen zanter 1987 fir d'Firma geschafft hat, 100%eg vertraut hätt. De Mann hat donieft nach d'Geschicht vun enger Internet-Erpressung opgedëscht, där hien zum Affer gefall wär; déi haten awer weder den Ex-Sous-Direkter, nach den deemolegen Administrateur délégué fir boer Mënz geholl. Dee Mann huet erkläert, dass no där Geschicht en Audit gemaach gouf, wouduerch nach aner Feeler fonnt goufen. D'Enquête vun der Police judiciaire hat am Ganzen 63 Bedruchsmanöveren erginn, wourënner z.B. 38 fiktiv a manipuléiert Rechnunge gefall sinn. Ënnert anerem hat sech de Mann eng Vakanz, en décken Auto, eng Friteuse fir säi Fussballveräin an d'Hochzäit vun enger Duechter doriwwer bezuelt a senger Mamm Suen iwwerwisen, wéi en Enquêteur betount huet. Donieft hat hie sech zum Beispill nach vill Suen iwwerwise fir Iwwerstonnen, huet eng Enquêtrice ausgesot.

De Beschëllegten, deen an der Suite vun där Affär entlooss gouf, hat um Ufank vun der Sëtzung de Gros vun de Reprochë kontestéiert; nom Passage vun den Zeie sot hien, déi hätte vill Saache gesot, déi komplett falsch wären. „Alles, wat Dir sot, ass puer Behaaptung!“, huet de Riichter him awer entgéint gehalen; hie wär eleng géint se all, war dem Mann seng Äntwert dorop. Wouropshin de President vum Geriicht gemengt huet, all d'Faite géife géint hie schwätzen: „Et ass mäi Wuert géint hiert!“, huet den Ugekloten dorop geäntwert.

Dëse Prozess dierft e Mëttwoch de Moien op en Enn kommen.

Back to Top
CIM LOGO