
De Gemengesyndikat Syvicol an den nationale Fraerot CNFL deelen e Méindeg mat, datt am Ganze 84 Stroossen a Plaze vum 8. bis den 31. Mäerz den Numm vu bedeitende Fraen droe wäerten. Schonn 2021 hate 15 Gemengen hire Stroossen e Fraennumm ginn.
A 16 Gemenge goufen iwwerdeems am Kader vun der permanenter Aktioun “Who is she?” Plaquetten ubruecht, op deenen ee méi Informatioune fënnt iwwer déi Fra, no där d’Plaz oder d’Strooss benannt ass.
Um neie Site “Rues au féminin” fënnt een all d’Stroossen a Plazen am Grand-Duché, déi offiziell no Frae benannt sinn, souwéi eng Biographie zu de Fraen.