
Et war de Samschdeg de Moie fréi kuerz virun 8 Auer, wéi de CGDIS wéinst engem Tëschefall bei der Biekerecher Biogasanlag alarméiert gouf. D’Biomass ass iwwert e Rouer aus dësem Bëtongsreservoir erausgelaf, ass e Feldwee erofgelaf an huet esou fir d’éischt déi kleng Millebaach verschmotzt. Déi genee Ursaache vun dëser Fuite sinn nach onkloer. Och wéi vill vun där eekeleger Britt ausgelaf ass, ass nach net sécher gewosst. Éischt Schätzunge schwätzen awer vun engen 1.000 Meterkibb.
Nieft der Millebaach goufen och d’Näerdener Baach an d’Pall veronrengegt. Mat improviséierte Barragë gouf probéiert, d’Atert ze schützen. D’Waasserwirtschaftsamt an d’Naturverwaltung waren op der Plaz, fir d’Situatioun z’analyséieren, och d’Police enquêtéiert. Nach ass d’Envergure vun dëser Ëmweltverschmotzung net ganz ofzegesinn.
Well de Parquet implizéiert ass, wollten déi zoustänneg Autoritéiten eis um Samschdeg keen Interview ginn. D’Ëmweltministesch Joëlle Welfring huet eis awer confirméiert, dass et sech ëm e gréisseren Incident handelt. Bei fréieren Tëschefäll wär zwar schonn emol méi Biomass ausgelaf, mä wat bei dëser Fuite speziell wär, ass, dass den Digestat esou séier an an esou grousse Quantitéiten an e Gewässer gelaf wär.
Schonn am November 2021 gouf et eng gréisser Fuite bei dëser Biekerecher Biogasanlag. Deemools wär d’Waasser an de Baachen awer bei wäitem net esou knaschteg gewiescht, hunn eis Nopere erzielt. Fir déi akut Verschmotzung ze limitéieren, gouf de ganzen Dag iwwer déi schwaarz Britt aus den dräi Baachen erausgepompelt an op de Felder ronderëm verdeelt. De Sidero huet och Loftpompelen opgeriicht mat deenen d’Baache quasi belëft ginn. Alles Mesuren, fir de Schued a Grenzen ze halen.
E Schued, deem säin Ëmweltimpakt eréischt am Laf vun den nächsten Deeg ganz kloer wäert ginn.
Communiqué par : ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable / Administration de la gestion de l’eau
Ce samedi matin vers 8 heures, une importante fuite de biomasse (digestat) a été signalée dans les alentours de Beckerich. Pour des raisons non encore déterminées, la biomasse a coulé d’un tuyau de la station de biogaz pour se déverser dans le ruisseau Millebaach, avant de rejoindre la Näerdenerbaach, puis le ruisseau Pall.
Des agents du CGDIS, du SIDERO, des unités spéciales de la police, de l’Administration de la nature et des forêts (ANF) et de l’Administration de la gestion de l’eau (AGE) se sont rendus sur place.
Des mesures ont été prises pour limiter l’impact de cette fuite sur l’environnement. Des actions de pompage se déroulent à plusieurs endroits et des aérateurs ont été installés dans la Pall et préventivement dans l’Attert par le SIDERO.
Des échantillons d’eau ont été prélevés à plusieurs endroits par l’Administration de la gestion de l’eau. Le parquet territorialement compétent a été informé.
L’impact sur les différents cours d’eau ne peut pas encore être évalué à ce stade. Le suivi de la pollution sera assuré pendant le weekend.