Aus dem PolicebulletinVerstouss géint d'Drogegesetz a Festnam wéinst Randaléieren

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.20 Auer en Donneschdeg krut d'Police e Grupp Persounen op der Kräizung tëscht der Rue de la Fonderie an der Rue de Hollerich an der Stad gemellt.

Wéi d’Beamten d’Männer op der Plaz kontrolléiert hunn, ass hinnen e staarke Geroch vu Cannabis opgefall. D’Männer goufe fir déi weider Prozedure mat op de Policebüro geholl. Bei zwee vun hinnen hunn d’Poliziste verschreiwungsflichteg Medikamenter séchergestallt. Op Uerder vum Parquet goufen d’Medikamenter, Suen an en Handy saiséiert an et gouf e Protokoll geschriwwen.

An der Nuecht op e Freideg hat dann eng alkoholiséiert Fra an engem Café an der Grand-Rue zu Ettelbréck randaléiert. Well si op Grond vun hirem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner duergestallt huet, gouf si am Arrest ënnerbruecht.

Back to Top
CIM LOGO