Aarbechtsaccident am Abrëll 2015Vertrieder vum Parquet freet eng ugemoosse Geldstrof

RTL Lëtzebuerg
Am Prozess vun engem Aarbechtsaccident mat déidleche Suitten am Joer 2015 fuerdert den Affekot vun de Familljememberen 375.000€ Schuedenersatz.
© afp

Eng ugemoosse Geldstrof: dat huet de Vertrieder vum Parquet e Mëttwoch um Stater Geriicht am Prozess ëm en Aarbechtsaccident mat déidleche Suitten am Abrëll 2015 zu Uewerkäerjeng gefuerdert. D'Baufirma, fir déi d'Affer 4 Joer als Interimaire geschafft hat, krut dunn de Prozess gemaach. De Mann war deemools op engem Schantjen duerch den Daach gefall, eng 7 bis 8 Meter an d'Déift. Hie war sou uerg verwonnt ginn, datt hie knapp 7 Méint drop am Alter vu 57 Joer gestuerwen ass.

Aarbechtsaccident mat déidleche Suitten / Rep. Eric Ewald

Um Dag vum Accident sollten zwee Aarbechter vun der Firma um Daach vun enger anerer Blech reparéieren. Well awer relativ vill Wand war, gouf dat spéidert Affer als Hëllef erbäi geruff, sot en Inspekter vun der ITM. De Mann hätt e klenge Sécherheets-Briefing kritt, wier awer bei en net ofgeséchert Lach am Daach gaangen an do erofgefall. An den A vum Vertrieder vun der Gewerbeinspektioun wär et logesch gewiescht, Blecher sichen ze goen an dann e Lach am Daach opzemaachen; hei wier et awer ëmgedréint gemaach ginn.

Déi zwee Aarbechtskollegen, déi mat um Daach waren, soten aus, de Mann hätt vläicht net opgepasst, woubäi hie gesot kritt hätt, e sollt net dohi goen, wou de Blech fort war; et wier ganz séier gaangen an d'Affer net dacks op engem Daach gewiescht. Och den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire huet erkläert, de Mann hätt gesot kritt, sech vum Lach ewechzehalen. D'Aarbechter wären net geséchert gewiescht an d'Affer net virgesi fir sou Aarbechten. Dem Geriichtsmedeziner no hat de Mann v.a. schro Kappblessuren. Trotz dem zäitleche Sputt géif et en Zesummenhank tëscht dem Accident an dem Mann sengem Doud ginn.

Virun deem Hannergrond huet de Me Brahim Sahki, Affekot vun de Familljemembere vum Affer, ronn 375.000€ Schuedenersatz gefrot. De Me Laurent Limpach, Affekot vun der Firma, huet dogéint gemengt, déi hätt kee Feeler gemaach. Dat war net d'Vue vum Vertrieder vum Parquet: fir hie wär d'Accident net geschitt, wann d'Lach am Daach ofgeséchert gewiescht wär. Dat spéidert Affer hätt just gesot kritt, net dobäi ze goen. Eng Formatioun kéint awer net just aus där Informatioun bestoen. Dem Mann säin Doud wär op d'Accident zréckzeféieren an deen Doud stéing am Zesummenhank mat engem Feeler vu Wäit- a Virsiicht vun der Firma.

D'Uerteel gëtt den 11. Dezember gesprach.

Back to Top
CIM LOGO