Manternach: Keng Baugeneemegung krittVerwaltungsgeriicht gëtt Bauer an 1. Instanz Recht

RTL Lëtzebuerg
Den Tribunal administratif huet e Recours vum Mann als justifizéiert ugesinn an dowéinst eng Decisioun vum Gemengepapp vum Januar zejoert annuléiert.
© AFP

De Buergermeeschter vu Manternach hat dem Bauer am November 2017 d'Autorisatioun ginn, fir eng landwirtschaftlech Hal an e Réckhaltebecken ze bauen. Am Januar zejoert hat de Gemengepapp déi Geneemegung dunn awer zréckgezunn, ënnert anerem well se net konform wär zum Bautereglement an zum Plan d'aménagement général vun der Gemeng. De Mann war am Mäerz zejoert dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Baugeneemegung Manternach / Reportage Eric Ewald

Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, datt d'Gemeng, andeems se d'Baugeneemegung zréckgezunn huet, ouni dem Mann op d'mannst 8 Deeg Zäit ginn ze hunn, fir seng Observatiounen dozou virzedroen, d'Dispositioune vum Artikel 9 vum groussherzogleche Reglement vun 1979 iwwert d'Prozedur, déi Staats- an d'Gemengeverwaltungen anzehalen hunn, net respektéiert huet.

All Kéier, wann e Bierger Observatioune virdroe kann, déi eng Influenz op d'Decisioun vun der Verwaltung kënnen hunn, muss en net-Anhale vun deem Artikel d'Annulatioun vun der Decisioun, déi geholl gouf, no sech zéien, sou den Tribunal administratif. Am anere Fall wären déi elementar Garantië fir de Bierger zerstéiert, déi et duerch deen Artikel vum Règlement grand-ducal gëtt.

Eng Informatioun vum Bierger - am Viraus - doriwwer, dass de Buergermeeschter d'Absicht hätt, fir d'Baugenemegung z'entzéien, hätt et dem Bauer erlaabt, seng Äusserunge virzedroen, déi eng Influenz op d'Entscheedung hätte kënnen hunn. D'net-Anhale vun deem Artikel vum groussherzogleche Reglement vun 1979 wär duerch d'Annulatioun vun der Decisioun vum Buergermeeschter ze bestrofen. D'Gemeng hätt och d'Käschten z'iwwerhuelen. De Bauer hätt allerdéngs keng Indemnité de procédure vu 5.000 € zegutt.

Back to Top
CIM LOGO