StatecVideo-Uriff an Online-Shopping gewanne wärend Confinement u Beléiftheet

RTL Lëtzebuerg
Nach ni hunn d'Leit zu Lëtzebuerg esou vill Zäit am Internet verbruecht wéi wärend der Corona-Pandemie.

Statec huet en Dënschdeg Zuelen iwwert d’online Aktivitéite vun den Notzer wärend dem Confinement publizéiert. 38% hu méi Messagen a Videoen a sozialen Netzwierker gepost, wéi et virum Lockdown de Fall war. Am ganzen hu 75% Posts op Facebook, Twitter, Instagram & Co genotzt, fir mat Famill a Frënn a Kontakt ze bleiwen.

Op Video-Uriff zeréckgegraff hu 66% vun den Internet-User. Besonnesch beléift war dës Kommunikatiounsform bei de Jonken tëscht 16-24 Joer mat 72% a bei der Alterskategorie 25-34 Joer mat 79%. Bei den Awunner iwwer 44 Joer geet dës Tendenz allerdéngs zeréck. Ënnert den Notzer aus den Altersgruppen 45-54 Joer a 65-74 Joer hu 4 vun 10 uginn, näischt un hire Gewunnechte geännert ze hunn.

© Statec

60% vun den Internauten hu méi heefeg Produiten online kaf wéi et virun der Kris de Fall war. Am meeschte vum Online-Shopping profitéiert hunn d’Altersklasse 35-44 Joer mat 42% a 35-44 Joer mat 29%. Donieft kënnt Statec zur Conclusioun, dass beruffstäteg Leit (39%) a Persounen am Home Office (43%) méi dacks vun dëser Akafsformprofitéiert hunn.

Och bei Liwwerdéngschter an Take-Away-Zerwisser huet sech eppes gedoe wärend dem Confinement. Ee Véierel vun de User huet sech Platen heem liwwere gelooss oder ass sech Iessen auswäerts siche gaangen. Ronn d’Hallschecht vun hinnen huet méi heefeg esou Commanden online ofgi wéi virum Lockdown.

Nieft dem Oprechterhale vu soziale Kontakter an dem Akafen huet den Internet wärend der sanitärer Kris och den Zougang zu Informatioune garantéiert. 6 vun 10 Persounen hunn nämlech Informatiounen am Zesummenhang mat Covid-19 online recherchéiert. Dat sinn zwar genausou vill Leit wéi virum Confinement, awer 66% vun hinnen hunn dat méi heefeg gemaach wéi soss.

A puncto medezinesch Consultatioune goufen et Neierungen. 17% vun de Rendez-vouse goufen online ofgehalen, am meeschte waren et Patienten tëscht 35-44 Joer.

PDF: Communiqué Statec

Back to Top
CIM LOGO