
En Auto an ee Motto waren hei anenee gerannt. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vun Esch a Péiteng.
Zwee liicht Blesséierter gouf et an engem Accident kuerz no 23 Auer um Briddel an der Rue de Steinsel. Zwee Ween hate sech ze pake krut.
Ee liicht Blesséierte gouf et an engem Accident géint 20.15 Auer zu Gréiwemaacher an der Rue Kummert. Een Auto war an d'Ongléck verwéckelt.
Liicht verwonnt gouf och eng Persoun an engem Accident géint 18.30 Auer zu Fluessweiler am Muertendall. Och hei war een Auto verongléckt.
Géint 18.40 Auer hat zu Groussbus an der Rue de Schandel een Auto gebrannt. Et ass kengem eppes geschitt.