PoliceVill alkoholiséiert Chaufferen ënnerwee, puer Permise fort

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg huet d'Police eng ganz Partie Permise missen asammelen, well d'Chaufferen ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© RTL Archivbild

Um 00.50 Auer gouf um Gaasperecher Kräiz en Auto kontrolléiert, deen op der Pannespur stoung. De Chauffer hat net nëmmen ze vill gedronk, ma et goufen och nach kleng Quantitéiten Droge bei him fonnt. De Führerschäin ass wéi gesot fort.

Géint 1.20 Auer gouf en Auto um Wandhaff gestoppt. D'Beamten haten de Chauffer a säi Bäifuerer gesinn an den Auto eraklammen a bemierkt, dass se allen zwee ze vill gedronk haten. Och hei gouf de Permis no engem positiven Alkoholtest agezunn.

Zu Rodange ass géint 2 Auer en Automobilist am Zickzack gefuer. No enger Kontroll an engem Alkoholtest huet de Chauffer och hei den Auto misse stoe loossen.

Kuerz viru 4 Auer ass der Police en Auto um Boulevard Robert Schuman an der Stad opgefall, deen ze séier ënnerwee war. Och an dësem Fall, hat de Chauffer ze vill gedronk an huet säi Permis missen ofginn.

Zu Nidderaanwen ass e weidere Chauffer ëm déi selwecht Zäit duerch säi Fuerstil opgefall. Hei waren allerdéngs Drogen am Spill. Et gouf Plainte géint de Chauffer gemaach.

Zu Bartreng ass da géint 5 Auer en Auto am Bam gelant. Vue dass och dëse Chauffer ze déif an d'Glas gekuckt hat, war hie säi Führerschäi lass.

Géint 3.30 Auer ass nach ee leschten Won zu Esch opgefall, deen am Zickzack gesteiert gouf. Deen Ament souz eng Fra hannert dem Steier, ma bei der Kontroll souz dunn awer eng männlech Persoun op där Plaz. Gehollef hat et näischt, well och dee gedronk hat, mam Ënnerscheed, dass den erlaabte Maximalwäert net iwwerschratt war, bei der Fra war deen däitlech ze héich. A well d'Fra sech dunn och nach de Batti gestallt huet, koum si mat op de Policebüro. Géint béid Persoune gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO