Beim Schmuddelwieder e Sonnden hate vill Leit de Mantel schonn aus dem Schaf geholl. Wien dësen awer ersetze wollt, deen hat de Weekend d’Geleeënheet. D’Leit géinge besonnesch waarm Saache sichen, sot d’Verkeeferin aus engem Buttek. Pullover, Mäntel oder Doudounen.
Si hat awer Angscht, dass dat schlecht Wieder vill Mënschen an d’Grandes surfacs lackele géing. Eng Fra betount awer, dass si grad wéinst dem schlechte Wieder an d’Stad komm wier a well Mantelsonndeg wier.
Mat der Traditioun, e waarme Mantel um Mantelsonndeg ze kafen, fir Allerhellegen op de Kierfecht ze goen, huet een haut manner um Hutt. “Ech sinn net deen, dee mam Pelzemantel steif op d’Griewer stoe geet”, seet eng Fra. Et kéint och sinn, dass se näischt géing kafen, mee se géing trotzdeem iwwerall kucke goen.
Mantelsonndeg wier dee Weekend, wou een de Geschäfter géing roden, opzemaachen, seet d’Presidentin vum Stater Geschäftsverband, d’Mireille Rahmé-Bley. De Samschdeg wier scho Mol gutt gelaf mengt si. Fir de Bilan vum ganze Weekend ze maachen, wier et awer nach ze fréi.
Fir déi Leit, déi de Mantelsonndeg verpasst hunn: Den nächste verkafsoppene Sonden an der Stad steet schonn de 26. November virun der Dier.