Mayors for PeaceVill Lëtzebuerger Gemenge setze sech fir en Atomwaffeverbuet an

RTL Lëtzebuerg
Domadder wëll een och Drock op d'Lëtzebuerger Regierung maachen, déi den Atomwaffeverbuetsvertrag vun der UN net ënnerschriwwen hunn.
Gemenge setze sech fir en Atomwaffeverbuet an
Domadder wëll een och Drock op d'Lëtzebuerger Regierung maachen, déi den Atomwaffeverbuetsvertrag vun der UN net ënnerschriwwen hunn.

Kuerz no Hallefnuecht ass den UN-Atomwaffeverbuetsvertrag a Kraaft getrueden, nodeems déi noutwenneg 51 Staaten de Vertrag ratifizéiert hunn. Lëtzebuerg huet d’Ofkommes net ënnerschriwwen.

Och haut nach mussen Affer vun Explosioune vun Atombomme mat de Konsequenze liewen. En Atomwaffeverbuet soll esou Virfäll verhënneren. Den UN-Atomwaffeverbuetsvertrag gesäit vir, dass déi Länner, déi d’Ofkommes ratifizéiert hunn, ënnert kengen Ëmstänn Atomwaffen oder aner nuklear Sprengkierper entwéckelen, testen, kafen, besetzen oder lageren, esou d'Helen Durham vun der ICRC.

"Not only does the nuclear weapons treaty provides a pathway towards the emilination of such weapons it is a concret step towards the implementation of existing obligations and the nuclear disarmemend such as those found in an non pleferation treaty."

Lëtzebuerg huet d’UN-Ofkommes net ënnerschriwwen. Fir en Atomwaffeverbuet awer ze ënnerstëtzen, si vill Lëtzebuerger Gemengen Deel vun der internationaler Organisatioun Mayors for Peace, déi sech géint Nuklearwaffen asetzt. Och de Gemengesyndicat Syvicol huet d'Gemengen zum Bäitrëtt opgeruff, seet den Emile Eicher.

"Eigentlech hu mir jo als Gemeng eng Responsabilitéit, fir d'Sécherheet vun eise Bierger, schonn eleng dowéinst fir d’Wuelbefannen. An dat wat zu Nagasaki 1945 geschitt ass a wou jo d’Iddi hierkomm ass vu Buergermeeschter, fir en Netzwierk ze grënne vu Buergermeeschter, déi sech géint d'Atomwaffen asetzen, fannen ech et nëmmen normal, dass mir als Gemengen och do eise Geste bäidroen." 

1989 ass Wolz als éischt Lëtzebuerger Gemeng der Organisatioun bäigetrueden. Ma et sollt awer net déi eenzeg bléiwen, esou den Emile Eicher.

"Et sinn der lo an Tëschenzäit scho 60, dat ass eigentlech am Verglach zum Ausland ganz vill. Ech mengen et si just d’Belsch, déi nach e bësse méi Gemengen hu wéi mir am Verglach zu der Gréisst. Dofir mengen ech awer, dass ech elo dankbar sinn, dass elo nach 4 Gemengen dobäikomme sinn, déi wëlle matmaachen. “

D'Gemenge wéilten duerch hir Participatioun bei Mayors for Peace d'Lëtzebuerger Regierung drop opmierksam maachen, wéi wichteg en Atomwaffeverbuet ass. D'Ratifizéierung vum UN-Ofkommes wier do e gudde Wee, sou de President vum Gemengesyndicat. Et géif een hoffen, dass d’Regierung de Message versteet an d’UN-Ofkommes awer nach ratifizéiert.

De Verdeedegungsminister Francois Bausch gesäit awer kee Sënn an dësem Vertrag.

"Ech hunn do meng gréisser Zweiwel. Dofir wëlle mir eis méi engagéieren am Kader vun engem aneren Traité, deen et schonn zanter 50 Joer gëtt, den Non-Proliferation-Treaty, iwwert deen och schonn eng Rei Saachen areecht gi sinn. Natierlech nach net dat Enn-Objektiv, mä wou awer dann d’Atomwaffelänner, also déi déi besëtzen, och all mat dra sinn.

De gudde Wëllen an d'Engagement vun de Gemenge fënnt de Minister awer ganz gutt. Et wier eng zousätzlech Ënnerstëtzung fir de Wee an eng atomwaffefräi Welt.

Back to Top
CIM LOGO