Wéinst Wand a ReenVill Perturbatiounen an Accidenter um Freideg

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem um CR105 an am CR329 koum et wéinst Äscht an de Stroossen a staarkem Wand zu Accidenter a Perturbatiounen, genee sou wéi bei den CFL.
© Domingos Oliveira (RTL)

Um CR329 tëscht Uewerwampech an Déierbech koum et wéinst Beem an Äscht an der Strooss zu engem Accident, hei krut en Auto e Bam ze paken.

Den Zuchtrafic op der Linn 60 tëscht Beetebuerg an Diddeleng war e Freideg de Moie wéinst de Wiederkonditioune perturbéiert. E Bam war do op d'Schinne gefall. D'CFL hat de Passagéiertransport mat Bussen assuréiert.

Den CR105 tëscht Habscht a Käerch huet misste wéinst den Äscht an der Strooss gespaart ginn.

De CGDIS huet 2 weider Tëschefäll op eise Stroosse gemellt, déi  awer näischt mam Stuerm ze dinn haten.

An der Millebaach gouf um 7.30 Auer e Foussgänger an de Rue Albert Unden ugestouss a blesséiert.

Zu Dräibuer koum et kuerz no Auer zu engem Accident op der Héicht vun der Piscine. Do krute sech 2 Ween ze paken. Hei gouf et 3 Blesséierter.

Am Laf vum Nomëtteg koum et nach zu e puer Kollisiounen. Eng tëscht engem Camion an engem Auto gouf et kuerz viru 14 Auer zu Réimech, eng weider tëscht 2 Autoen um Belair géint 14.20 Auer. Eng Persoun gouf all kéiers verwonnt.

Zwee Blesséierter gouf et nach bei enger weiderer Kollisioun tëscht 2 Autoen um 15.30 Auer zu Nidderfeelen.

Vill Perturbatiounen an Accidenter um Freideg
....

Back to Top
CIM LOGO