
Den Héichwaasserservcice vum Waasserwirtschaftsamt ass elo an der Pre-Alerte. Et besteet d’Gefor vu liichtem Héichwaasser an de Flëss a Baachen zu Lëtzebuerg, wat lokal zu Iwwerschwemmungen féieren kéint. D’Musel ass bei dëser Meldung ausgeschloss. Do ass et ëmmer eng Situatioun à Part zu den anere Flëss: d’Waasser klëmmt do vill méi lues an den Niveau ass och deels nach duerch d’Schleisen ze regléieren.
Déi Phas dono ass dann eng richteg Alerte, esou de Jean-Paul Lickes, Direkter vum Waasserwirtschaftsamt.
Vu Meteolux ass et fir de ganze Weekend eng “Alerte orange” fir de Süden vum Land, wat an deem Fall d’Héichwaasser betrëfft. Fir de Recht vu Lëtzebuerg gëllt d’"Alerte jaune”, bezunn op de ville Reen a Wandvitessen, déi bis 70 Stonnekilometer erreeche kënnen.
Hire Previsiounen no sollen tëscht e Samschdeg de Moie 7 Auer an e Sonndeg 7 Auer tëscht 20 an 30 Liter pro Metercarré erofkommen, dat virun allem am Westen an am Südweste vum Land.

D’Peegelen an deene 4 Flëss wäerte vun e Samschdeg de Mëtten u klammen, virun allem déi kleng Gewässer am Süden kéinten do séier reagéieren. Déi sougenannte Cote de pré-alerte dierft an der Nuecht op e Sonndeg erreecht ginn. Et soll ënnert dem Niveau vun engem 2-Jores-Héichwaasser bleiwen. Fir déi nächst Deeg ass vill Reen an duerno och Schnéi gemellt.


De Service vum Waasserwirtschaftsamt ass de ganze Weekend aktivéiert an a Kontakt mam CGDIS, dem Haut-commissariat à la protection nationale ( HCPN) a Meteolux.
Falls sech d’Situatioun an eenzele Gemengen verschäerft, zum Beispill Parkinge musse geraumt ginn, sinn et déi lokal Pompjeeën, déi d’Leit iwwert de CGDIS informéieren. Dat kéint zum Beispill de Weekend zu Ettelbréck am Däich de Fall sinn.
D’Musel ass ëmmer eng Situatioun à Part zu den anere Flëss: d’Waasser klëmmt do vill méi lues an den Niveau ass och deels nach duerch d’Schleisen ze regléieren.
Op der Musel gëtt fir e Méindeg bis en Dënschdeg mat Héichwaasser gerechent, do kéint zum Beispill d’Esplanade zu Réimech iwwerschwemmt ginn.
Eventuell misst de Schëffsverkéier agestallt ginn, esou de Jean-Paul Lickes.
Di Däitsch (dat däitscht Hochwasserportal ) mellen elo schonn eng Gefor vun Héichwaasser op Sauer a Musel. Bei hinne gesäit d’Situatioun ëmmer éischter méi negativ aus, well zu Waasserbëlleg d’Sauer an d’Musel leeft an duerno bei Konz och nach d’Saar, dowéinst ass bei hinnen d’Situatioun scho méi ugespaant.
Aktuell Peegelstänn a Previsioune fannt Dir op www.inondations.lu.
Dëst obwuel den Niveau vum Becken net héich ass. Dat ass, well ee sech ëmmer de Wanter iwwer Sputt léist, bis sou Februar - Mäerz, fir den Héichwaasserrisiko ënner Kontroll ze hunn. Wann een d’Becken elo géif opfëllen an et nach vill reent, wier de Risiko ze grouss, dass een duerno méi massiv muss oflafe loossen, esou nach den Expert vum Waasserwirtschaftsamt.
Et gëtt awer ëmmer kontrolléiert oflafe gelooss, fir dass d’Uertschaften am Dall hannert der Staumauer net riskéieren iwwerschwemmt ze ginn.
Den Ament lafen um Stauséi och Aarbechten, fir eng Entlaaschtungsanlag parallel zur Staumauer ze bauen, fir den Héichwaasserschutz nach besser ze reguléieren.
Do gëtt eng Zort Tunnel gebaut, wou een d’Waasser parallel zur Staumauer kann oflafe loossen, fir och de Risk, dass d’Mauer eng Kéier iwwerlaascht wier, ze minimiséieren. Déi Aarbechten hu schonn ugefaangen.
Fir Ugangs nächster Woch gëtt mat e wéineg Schnéi gerechent.
“Schnéi, deen da lues schmëlze géif, géif mech freeën” seet de Jean- Paul Lickes , dat wier excellent fir eist Grondwaasser opzefëllen.
Déi lescht Woche ware gro an naass. Dat beleeën och d’Wäerter, déi Meteolux zanter September festhëlt: vum 1.September bis elo huet et iwwer Duerchschnëtt gereent.
“Insgesamt sinn d’Biedem gutt naass ginn, wat gutt ass fir datt d’Recharge och aktiv statt fënnt. An alles wat och elo gefall ass, déi lescht Dag, ass eigentlech gutt fir d’Grondwaasser-Recharge ze aktivéieren an och gutt ze fidderen”, esou de Jean-Paul Lickes, Direkter vum Waasserwirtschaftsamt.
Quantitéiten u Reen déi nach net duer ginn, fir de groussen Defizit, -66% eleng dëse Summer, respektiv och déi Joren virdrun opzefänken.
Gëtt et Héichwaasser oder net ? A wa jo, u wéi enge Waasserleef? Obwuel nom schroen Héichwaasser vum Juli 2021, versprach gi war, d’Warnsystemer géife verbessert an d’Informatiounen iwwert d’Peegelstänn méi einfach ze fannen, ass et nach ëmmer net evident, sech au courant ze halen. D’Michèle Sinner huet sech duerch Websäiten an Applikatiounen geklickt, wou ee widderspréchlech Informatiounen fënnt.
Konkret huet dat um Freiden d’Meldungen fir d’Musel betraff. De Service de prévisions de crues huet de Grenzfloss explizitt ausgeholl, wéi en d’Phase de vigilance fir Héichwaasser am Nomëtten declenchéiert huet. Och op der Homepage um Site inondations.lu gouf virun méiglechen Zweejoreshéichwaasser fir d’Sauer, d’Uelzecht, d’Syr an d’Kor gewarnt. Mee alt neess: Explizitt net fir d’Musel. Et loung keen sougenannten Héichwaasserlagebericht vir.

Datt op där Plaz iwwerhaapt eng Warnung ze fannen ass, ass schonn e Fortschrëtt par Rapport zu Juli 2021 – virum Joerhonnerthéichwaasser hat d’Waasserwirtschaftsamt op der Homepage vun inondations.lu net gewarnt.
Mee déi Warnunge widderspriechen den Informatiounen op der Telefonsapplikatioun “Meine Pegel”, déi leschte November fir Lëtzebuerg erweidert gouf. Do ass et genau ëmgedréint: Bei den Héichwaasserwarnunge läit fir d’Lëtzebuerger Waasserleef näischt vir. Ausser fir d’Grenzflëss Sauer an d’Musel.
Do huet dat zoustännegt Amt vu Rheinland-Pfalz scho moies gewarnt, datt d’Peegele vun de Grenzflëss an der Nuecht op e Sonnden d’Meldehéicht géifen depasséieren an et sonndegmëttes zu engem zwee-Jores-Héichwaasser géing kommen.
Nom schroen Héichwaasser 2021 hat ee beim Waasserwirtschaftsamt Probleemer mat der Websäit inondations.lu zouginn. Deemools haten 800.000 Leit d’Homepage ugeruff, mä just 600 vun hinne war et gelonge sech op d’Niveauen ënnendrënner bei d’Previsiounen vun de Miessstatiounen duerchzeklicken. Dat hat d’Christine Bastian beim 100,7 gesot. Déi Struktur ass zanterhier onverännert. Deemools hat och d’Applikatioun gouvalert net fonctionéiert. E Freiden de Mëtten huet si gemellt: “Momentan kein Alarm”.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?