
Déi eng Restaurant-Bedreiwer organiséiere sech iergendwéi, anerer loossen direkt ganz zou. D’Diana Hoffmann huet bei e puer Patronen nogefrot.
Et ass den Ament keng einfach Zäit fir d’Gastronomie. Vill Clientë bleiwen aus Angscht vun dem Coronavirus doheem. Mat de strenge Mesurë vum 2G+ falen nach méi Gäscht ewech. An da kënnt nach d’Spärstonn vun 23 Auer dobäi, mat der Annonce kuerz viru Silvester. Mat dëse Contraintë ginn d’Gastronome ganz ënnerschiddlech ëm.
De Bedreiwer vun enger Brasserie hat ëmmer eng grouss Feier, op Silvester bleift säi Betrib awer zou: “Mir maache géint 18 oder 19 Auer zou. Den Owend ass näischt. Normalerweis hu mer e Freedefeier a vill Leit. 60 bis 70 Leit, plus déi an der Strooss.”
Dat selwecht huet dës Patronne decidéiert: “Mir hunn den Ament vill manner Leit. Den Owend hu mir decidéiert, de Restaurant zou ze maachen. Mir hate vill Annulatiounen a kënnen eis net leeschten opzemaachen a fir näischt ze schaffen.”
De Wiert vun engem Café zu Beetebuerg bedauert och, e Freideg mussen zou ze loossen, well normalerweis ass den 31. bei him eng méi lass: “Normalerweis maache mer fir Silvester e Karaoke a mer hunn en DJ. Mä mir hunn alles annuléiert.”
Aner Restaurateure wëllen trotzdeem vum Geschäft profitéieren an hu sech dofir anescht organiséiert: “Mir offréiere Menüe fir matzehuelen. Mer hunn eng Partie Commanden. Well de Restaurant muss um 23 Auer zoumaachen, profitéieren d’Leit dovunner, doheem ze feieren. Do hu se da keng Spärstonn.”
An da ginn et nach déi Restauranten, déi bis 23 Auer wäerten “Business as usual” maachen. Dono missten d’Leit eben heem goen. “Domat musse mer liewen”, wéi ee vun de Restaurateure seet.
