ChamberkommissiounVirbereedunge fir méiglech Gaskris lafen

RTL Lëtzebuerg
"Et goufe ganz wéineg kloer a prezis Äntwerten", huet d'CSV no de parlamentaresche Kommissioune fir Ekonomie, Konsumenteschutz, Ëmwelt an Energie bedauert.
© AFP

Virbereedunge fir méiglech Gaskris lafen / Rep. Dany Rasqué

Déi gréisst Oppositiounspartei hat gefrot, datt de Wirtschaftsminister an den Energieminister de Membere vun de Kommissioune géifen explizéieren, wat d’Regierung konkret wéilt maachen, fir trotz der schwiereger Situatioun um Gasmarché gutt duerch den nächste Wanter ze kommen.

Notamment de Claude Turmes hat Enn Juni gewarnt, datt et en haarde Wanter kéint ginn an d’Regierungsparteien ënnersträichen, datt op allen Niveaue geschafft gëtt, fir sech ze preparéieren.

Et ginn 3 Pläng, déi mat der Gasversuergung zesummenhänken an déi den Ament iwwerschafft ginn: De Plan d’urgence, de Plan de délestage, an e Plang, dee géif gräifen, wa guer kee Gas méi do wier.

Déi Pläng mussen ugepasst ginn, well se waren ausgeschafft ginn, fir wann et iwwert eng kuerz Zäit Problemer mat der Gasversuergung géif ginn, zum Beispill wéinst engem Accident. E Krich war net virgesinn.

D’LSAP-Deputéiert Francine Closener, Presidentin vun der Wirtschaftskommissioun, verséchert, datt d’Leit sech keng Suerge musse maachen, datt si am Wanter doheem am Kale sëtzen. Si sinn “Consommateurs protégés”.

“Dat ass EU-wäit esou festgeluecht. Och Altersheemer, Klinicken an aner Strukture falen dorënner. Wat mech bëssen iwwerrascht huet, ass, datt d’Schoulen eigentlech net dorënner falen. D’Regierung setzt sech awer zesumme mat de Schoulen, mat de Gemengen, mat all den Acteuren, fir ze kucken, wéi een e Konzept fir d’Schoule kann entwéckelen.”

Entreprisë sinn am Contraire zu de Privatstéit net geschützt.

Wann net genuch Gas do ass, hätt dat fir si, op d’mannst fir verschiddener, Konsequenzen an an deem Kontext huet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar nach eng Rei Froen.

“Ech weess nach ëmmer net op Basis vu wat fir enge Krittären dee Plan de délestage fir Entreprisë soll opgestallt ginn. Wat fir eng Entreprisen do drënner falen an haaptsächlech och, wat vun Hëllefe virgesinn ass, wa wierklech Entreprisë kee Gas méi kënne kréien oder d’Gaszoufuer esou reduzéiert gëtt, datt se hir Produktioun substantiell mussen zeréckfueren.”

Äntwerten op déi Froen, dierften et ginn, wann déi verschidde Pläng bis iwwerschafft sinn.

De gréngen Deputéierte François Benoy, dee President vun der Energiekommissioun ass, seet:

“Et gëtt natierlech gekuckt z’evitéieren, datt een iergendee muss ofschalten. Dofir gëllt et elo emol alleguer déi Pläng an d’Rei ze setzen, ze kucken, datt ee méi effizient ass, datt ee Gas spuert. Wann et da wierklech zu deem ‘worst-case'-Zenario géif kommen, dass eng Entreprise géif ofgeschalt ginn, da gräifen déi Hëllefen, déi en place sinn, virop de chômage partiel.”

Jidderee kann hëllefen, ze verhënneren, datt et zu enger Gaskris kënnt, andeems ee Gas spuert. Am Hierscht mécht d’Regierung eng Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne. Wie sech schonn éischter wëll informéieren, kann dat natierlech maachen. Zum Beispill op energiespueren.lu.

Back to Top
CIM LOGO