Situatioun an den Hôpitaux Robert SchumanVirsiichteg optimistesch an enger kritescher Lag

RTL Lëtzebuerg
Esou beschreift de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, den Dokter Claude Schummer, dëse Weekend d'Situatioun an de Spideeler.
Dokter Claude Schummer
Virsiichteg optimistesch an enger kritescher Lag.

D'Zuelen hätte sech stabiliséiert mat vläicht enger Tendenz no ënnen. Dat géif weisen, datt déi nei Restriktioune gräifen. Hie kéint d'Leit nëmmen encouragéieren, dat bäizehalen, sou den Dokter Schummer. Och d'Ausfäll beim Personal wieren dobäi zeréckzegoen. An den Hôpitaux Robert Schuman ginn den Ament 51 Covid-Patienten, dovunner der 10 op der Intensivstatioun, betreit. Vu 36 Persounen, déi de Weekend op de Kierchbierg an d'Urgence komm sinn, goufen der 12 hospitaliséiert.

Positiv wier och d'Aarbecht um Niveau vun de Generalisten, sou den Dokter Schummer. Déi wieren antëscht ganz gutt organiséiert, sou datt och doduerch manner Leit an d'Spidol kommen.

An den Hôpitaux Robert Schuman lafen den Ament Gedanken, fir an der Zithaklinik eng komplett Net-Covid-Filière z'etabléieren, fir Dokteren, déi op hiren normale Sitten impaktéiert sinn duerch de Virus.

Dem Dokter Claude Schummer no géif et ablécklech keng Ursaach ginn, déi aktuell Anti Covid-19 Mesuren ze verschäerfen.

Back to Top
CIM LOGO