Eng Kopp mat villen IwwerraschungenVirun 10 Joer ass de Crassier zu Monnerech gerutscht

Diana Hoffmann
Christophe Hochard
Zanter dem Äerdrutsch gouf un der Sécherheet an un der Renaturéierung vum Crassier drop a ronderëm geschafft.
Virun 10 Joer ass de Crassier zu Monnerech gerutscht
Zanter dem Äerdrutsch gouf un der Sécherheet an un der Renaturéierung vum Crassier drop a ronderëm geschafft.

Et ass schonn iwwerraschend, wéi vill Entretiensaarbecht en iwwer 100 Joer alen Tipp ka mat sech bréngen. Riets geet vum Crassier vu Monnerech, deen den 13. Mäerz 2014, also viru genee 10 Joer, gerëtscht war, an d’Strooss CR106 vu Monnerech op Esch ënner sech begruewen huet.

Virun 10 Joer ass de Crassier zu Monnerech gerutscht / Rep. Diana Hoffmann

Eng nei Strooss op sécherer Distanz goung gutt 3 Joer méi spéit op, am Oktober 2017. Zanterhier ass awer och op der Decharge sou munches passéiert a soll nach passéieren. Mee fir d’éischt mol fir ze situéieren: De Crassier zu Monnerech, nieft dem Quartier Esch Lalleng, ass 23 Hektar grouss. Den Terrain gehéiert zanter 1914 Arcelor-Mittal. An de Joren dono goufen d’Schlaken aus den Héichiewen dohinner getippt. Méi spéit koum och bis 1970 den Offall vun de Stéit vun Esch dobäi. Exploitéiert gëtt de Site haut vun der Firma Cloos, déi Buedem dohinner bréngt.

Vu Mëtt Mäerz 2014 u war de Betrib hei awer gestéiert. Um Owend vum 13. op de 14. hunn d’Awunner vu Monnerech sech gewonnert. Op der Tëlee war kee Bild méi ze gesinn. Grond war keng normal Pann, mee den Äerdrutsch vum Crassier, deen de Kabel vun der Eltrona zerstéiert hat. Eréischt no an no konnt analyséiert ginn, wat déi ongeféier 1 Millioun Meterkibb Buedem deen Owend beweegt hat. Vu September 2013 bis Februar 2014 inclus hat et extrem vill gereent. E gutt Stéck méi, wéi dat am Duerchschnëtt fir déi Zäit de Fall ass. Dat villt Reewaasser hat sech souzesoen an den Tipp infiltréiert, deen doduerch onstabil gi war.

Wat an de leschten 10 Joer geschitt ass

10 Joer méi spéit erzielt de Jeannot Fürpass, Buergermeeschter vu Monnerech, wat zanterhier geschitt ass. Sou ass zum Beispill eng Leemschicht op de Crassier gemaach ginn, déi verhënnert, dass ze vill Waasser an dësen zitt. De Wénkel, an deem de Buedem haut mat Bauschutt opgetippt gëtt, gouf méi kleng gemaach, soudass den Hiwwel manner géi ass. Doriwwer eraus gëtt den neie Buedem permanent platt gedréckt. Un éischter Plaz géing d’Sécherheet stoen, sou de Buergermeeschter vu Monnerech. Dat nach virun der Natur - mee d’Natur kéim och net ze kuerz.

A punkto Ekologie wëllt een nämlech och eppes maachen. D’Natur, déi duerch de Rutsch zerstéiert ginn ass, gouf a gëtt kompenséiert. Ma et wéilt een nach méi wäit goen. Ëm de Crassier ass en 1.400 Meter laangen Drainage gemaach ginn. Bannendran dann een an d’Déift. Well d’Waasser awer net just de Terrain erofleeft, mee och an d’Buedemschichten zitt, an dann en héije PH- an Nitratwäert opweist, goufe Pompelen installéiert. Dës leeden d’Waasser an divers Opfangbecken. Heibäi gëtt et dann op natierlech Manéier gefiltert, ier et an d’Kimmelbaach direkt niewendru leeft. Antëscht kéint ee positiv Auswierkungen op d’Uelzecht bis Beetebuerg feststellen, an déi d’Kimmelbaach fléisst, huet de Jeannot Fürpass ënnerstrach.

An de Crassier soll weider am positive Sënn genotzt ginn. Uewendrop soll eng Photovoltaikanlag installéiert ginn, déi kéint 1.850 Menagë vu 4 Leit mat Stroum versuergen. De Projet kéint bis 2026 realiséiert sinn. Dat awer nëmmen, wann d’Relance vun der Ekonomie geléngt, erkläert de Buergermeeschter. Well, dass de Projet ka realiséiert ginn, muss de Plateau weider wuessen. An dat geet nëmmen, wann neie Bauschutt kënnt.

© Christophe Hochard / RTL

Back to Top
CIM LOGO