Commemoratiounszeremonie zu MutfertVirun 78 Joer goufen am KZ Sonnenburg 819 Prisonéier erschoss

RTL Lëtzebuerg
Dorënner waren och 91 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert. Et war de gréisste Mord u Lëtzebuerger wärend dem 2. Weltkrich.

Virun 78 Joer koum et am fréiere KZ a Prisong fir politesch Detenue vu Sonnenburg, haut Slonsk genannt a Polen, zum Massaker vun engem SS-Detachement, déi 819 Prisonéier erschoss hunn.

Ënnert hinne waren deemools och 91 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert, déi sech geweigert hate fir d’Wehrmacht ze kämpfen.

Et war de gréisste Massemord u Lëtzebuerger wärend dem 2. Weltkrich.

Zu Mutfert war e Méindeg de Mëtteg eng Commemoratiounszeremonie, bei där d’Regierung duerch de Mëttelstandsminister Lex Delles vertruede war. Och de Chamberpresident Fernand Etgen war mat derbäi.

Am Lyçée Michel Rodange war a Gedenken un d’Affer e Méindeg de Moie schonn eng Scéance académique, wou d’Vize-Premierministesch Paulette Lenert mat derbäi war.

Back to Top
CIM LOGO