
Am Police-Bulltin e Sonndeg an der Mëttesstonn ginn et nees e sëllegen Abréch ze notéieren.
E Samschdeg géint Mëtteg gouf der Police an Abroch an en Appartementshaus an der Rue de Chicago an der Stad gemellt. Wéi et schéint, hunn déi Onéierlech d’Entréesdier ausgehiewelt, fir esou an d’Kellerraim ze kommen.
An der Millebaacher Strooss gouf et e weideren Abroch an en Appartementshaus, wou änlech virgaange gouf. Hei gouf ënnert anerem e Vëlo geklaut.
E Samschdeg den Owend da gouf zu Miersch an der Rue Lohr op engem Schantje geklaut. Déi presuméiert Täter ware mat enger Camionnette ënnerwee a konnte méi spéit vun enger Policepatrull gestoppt ginn. An hirem Gefier goufen eng Partie Koffer-Kabelen entdeckt.
An der Escher Strooss zu Gaasperech hunn an der Nuecht op e Sonndeg Abriecher probéiert an eng Wunneng ze kommen, goufen dobäi awer gestéiert an hu sech dovu gemaach.
E Sonndeg de Moie géint 9.20 Auer gouf et an Abroch an eng Garage an der Rue de Merl zu Märel. D’Täter oder den Täter ass duerch d’Garagendier erakomm an huet dës mat zwee Vëloen nees verlooss.
Kuerz virdru krut d’Police dann och en Abroch an eng Wunneng op der Place François-Joseph Dargent an der Stad gemellt. Ob eppes geklaut gouf, geet aus dem Police-Bulletin net ervir.
Scooter geklaut, Täter gepëtzt
D’Police vun Esch krut e Samschdeg de Moie gemellt, dass en Elektroscooter geklaut gouf. Dëse konnt am Laf vum Dag lokaliséiert ginn, grad ewéi och de presuméierten Täter. Nodeems dësen duerchsicht gouf, konnte weider geklaute Saachen, grad ewéi Geschier fonnt ginn.
Wéi kann ee sech géint Abréch schützen? Informatioune vun der Police