Erënnerungen un de LockdownVirun dräi Joer gouf eisen Alldag op d’Kopp geheit

RTL Lëtzebuerg
Vun engem Dag op deen aneren ass eist soziaalt Liewe stoe bliwwen. Lëtzebuerg ass an de Lockdown gaangen.
Erënnerungen un de Lockdown
Virun dräi Joer gouf eisen Alldag op d’Kopp geheit.

Den 29. Februar war deen éischte Fall vu Corona zu Lëtzebuerg confirméiert ginn. Knapp zwou Woche méi spéit gouf et dat éischt Doudesaffer. E 94 Joer ale Mann stierft un de Suitte vun der Infektioun.

Fir d’Ausbreedung vum Virus anzedämmen, huet d’Regierung deementspriechend Moossnamen ergraff. De 16. Mäerz 2020 geet Lëtzebuerg vun Hallefnuecht un an de Lockdown.

All Restaurant, all Café, all Disko, all Kino, all Bibliothéik bleift zou. Mir hunn haut decidéiert, dass all kulturell a sportlech a festlech Aktivitéite fir den Ament mussen annuléiert ginn”, erkläert de Premierminister Xavier Bettel deen Dag virdrun an enger Pressekonferenz.

Et gouf eng prinzipiell Limitatioun vun den Deplacementer. Erlaabt war de Wee op d’Aarbecht, medezinesch an urgent Visitten, d’Akafe vu Liewensmëttel a medezineschem Material, urgent Rendezvouse wéi op der Bank oder bei engem Nottär. Sozial Kontakter sollten op e Minimum reduzéiert ginn. D’Devise war “Bléift doheem”.

Dräi Joer méi spéit ass den Ëmgang mam Virus een aneren. D’Majoritéit vun de Leit ass geimpft an d’Zuel vun den Infizéierten drastesch zréckgaangen. An der Tëschenzäit schéngt et, als géinge mer d’Situatioun akzeptéieren, wéi se ass. Mir hunn eis un den Zoustand gewinnt a mussen domat liewen, dass de Virus iwwer 1.200 Leit zu Lëtzebuerg d’Liewe kascht huet.

D’Méint vum Confinement waren eng Zäit vun der Ongewëssheet. Déi eng hunn et besser geholl, déi aner manner. Am Reportage kucke mir zeréck op de Lockdown a froen d’Leit, wéi si sech dorun erënneren.

Back to Top
CIM LOGO