Dr Thomas Dentzer"Virus wäert iwwer Jore bei eis sinn, mä Impakt wäert sech minimiséieren"

Annick Goerens
Eng Fro, déi sech am Kontext vun de Corona-Impfunge stellt, ass, wéini eist Liewen nees e Stéckelchen Normalitéit kann zeréckkréien?
© RTL-Grafik

Dëser Deeg gëtt vill iwwer d'Vaccine geschwat. Ginn et der genuch? Wéini kënnen d'Leit geimpft ginn? A wéini erreeche mer eng Herdenimmunitéit?

Bis ewell goufen hei am Land Enn Dezember jo just déi éischt Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur geimpft. E Mëttwoch fänken dann och mobil Ekippen an den Altersheemer mat hirer Aarbecht un.

Eng Fro, déi sech am Kontext vun den Impfungen och stellt, ass, wéini eist Liewen nees e Stéckelchen Normalitéit kann zeréckkréien? Mir hu beim Virolog Dr Thomas Dentzer vun der Santé nogefrot. Hien ass an der Covid-Krisen-Cellule vun der Regierung.

Extrait Thomas Dentzer

"Réckbléckend op aner Krankheeten: sou e Virus ass Jore bei eis, mee den Impakt de mer elo hunn, wäert awer minimiséiert ginn. Wann een elo ganz optimistesch ass, ech sinn eigentlech ëmmer optimistesch, dann als Virolog géing ech soen, wa mer vill Leit impfen, an de Gros vun de Leit geimpft kréien an Nordeuropa, da kënne mer soen, dass mer de Summer vläicht e relativ normale Summer kënne feieren, wou verschidde Mesuren net méi ubruecht sinn. Wann ebe vill Leit geimpft sinn an d'Situatioun et dann erlaabt. Dat heescht et gëtt lues a lues besser dann, da kënnen mer méi a méi Mesuren ophiewen. Och wann de Virus dann hei an do nach eng Kéier optaucht a verschidde Leit dann awer krank ginn, déi sech net impfe gelooss hunn oder sou. Mee fir d'Santé publique spillt dat da manner eng Roll. An hoffen mer dass vläicht och aner Medikamenter oder aner Vaccinen op de Marché kommen, déi dann och verhënneren, dass ee selwer de Virus erëm kritt. An dann ass de Virus iergendwann ausgerott, wéi bei de Pocken oder bei Polio zum Beispill. Dat ass elo den optimale Fall, dee sech géing ofspillen. Mee natierlech als Santé musse mir natierlech op de worst-case-scenario goen a soe wat ass, wa kee sech impfe léisst a wat geschitt dann a wéi geet et da weider. An do ass d'Äntwert bis elo nach den eenzege Choix ass elo weiderfuere wéi mer elo sinn. Restriktiounen, Mesuren a Masken, alles wat mer ebe wëlle lass ginn."

Den Dr Thomas Dentzer ass an der Covid-Krisen-Cellule vun der Regierung och fir d'Tester zoustänneg.

Back to Top
CIM LOGO