Gesetzespropositioun vum Gilles RothVoyeurismus soll als Strofdot am Code pénal ugesi ginn

Claudia Kollwelter
Ausléiser fir d'Proposition de loi war e Fall 2017, wou e Mann am ëffentlechen Transport Fraen ënnert d'Jupe gefilmt hat.

"Et geet einfach net, datt opgrond vun de modernen Techniken, een enger Persoun géint hire Wëllen zum Beispill ënnert der Jupe filmt. Dat ass géint d'Würd vun där Persoun!" Dat huet de Gilles Roth am RTL-Interview betount. Den CSV-Deputéierten hat am Februar 2019 eng Gesetzespropositioun gemaach, fir de Voyeurismus ze bestrofen. En Text, deen ëmmer méi konkret gëtt.

Voyeurismus als Strofdot ugesinn /vum Claudia Kollwelter

Ausléiser vun der Proposition de loi war e Fall 2017, wou e Mann am ëffentlechen Transport Fraen ënnert d'Jupe gefilmt hat. Deemools konnt d'Affär net viru Geriicht poursuivéiert ginn, well keng richteg Strofdot dofir virgesi war. Déi Gesetzeslück soll elo opgefëllt ginn. Zanter dem Depot vum Gilles Roth senger Propositioun sinn e puer Zousätz am Text bäikomm, dorënner eng wichteg Suggestioun vun der Justiz:

Dass et net just drëm geet, z'evitéieren, datt eng Persoun hir intim Deeler vum Kierper géint hire Wëlle gefilmt kritt, mee och d'Ënnerwäsch drënner fält.

Suggeréiert huet de Justizministère, an och déi zoustänneg Autoritéiten, datt de Voyeurismus net an d'Gesetz vun der Privatsphär fält, wéi Ufanks vum CSV-Deputéierte proposéiert, mee, datt et als Strofdot sollt ugesi ginn, déi an de Code pénal ageschriwwe gëtt. Donieft goufen och eng Partie Infraktiounen zréckbehalen, duerch déi d'Dot als nach méi schwéier agestuuft gëtt:

Wann een esou e Film oder eng Foto op sozial Reseaue setzt, een an engem ëffentlechen Transportmëttel filmt, oder et sech ëm eng Persoun handelt, déi e physeschen Handicap huet, eng Persoun, déi sech duerch hiren Alter net ka schützen. Dat ass e sougenannten "Abus de faiblesse".

Als Grond-Strof fir de Voyeurismus si bis zu 2 Joer Prisong virgesinn an eng Geldstrof vu bis zu 15.000 Euro:

Kommen awer "erschwerende Tatbestände" dobäi, datt een et zum Beispill op soziale Reseaue publizéiert, kann d'Strof bis maximal 3 Joer Prisong eropgoen an d'Geldstrof op 30.000 Euro.

No der Fuesvakanz soll d'Proposition de loi an de Plenum vun der Chamber kommen. De Gilles Roth ass zouversiichtlech, datt seng Gesetzespropositioun Unanimitéit kritt.

Back to Top
CIM LOGO