Coronavirus zu LëtzebuergVu 10.143 Tester waren der 110 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 110 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufen 10.143 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 22 Leit hospitaliséiert, keng Persoun dovunner läit op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 677 aktiv Infektiounen. 6.593 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,07.

CORONAVIRUS –RAPPORT JOURNALIER

Back to Top
CIM LOGO