Coronavirus zu LëtzebuergVu 5.275 Tester waren der 208 positiv, eng weider Persoun ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Neiinfektiounen ëm 208 geklommen ass. D'Zuel vun den Doudege klëmmt op 132.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 208 positiv geteste Patienten, dat op 5.275 Tester. Bei den Doudesaffer gëtt et nees eng Hausse, hei läit een elo bei 132 Doudesaffer (+1).

820 nei confirméiert Infektiounen déi lescht 7 Deeg, dovunner der eleng 362 iwwert de Weekend a 6 zousätzlech Leit, déi bannent enger Woch un de Suitte vum Virus gestuerwe sinn. Dat ass de nationale Covid-Bilan aus de leschten Deeg.

Zanter dem Samschdeg, 27. Juni gi weekends just d'Zuele vun duerchgefouerten Tester, den Nei-Infektiounen an den Doudesaffer matgedeelt. Méi Detailer iwwert d'Tester, déi samschdes a sonndes gemaach ginn, gi vun elo un ëmmer méindes publizéiert.

Communiqué

Allègement de la publication de statistiques lors des weekends et jours fériés (26.06.2020)

Communiqué par: ministère de la Santé Durant la phase actuelle de l'épidémie COVID-19, un allègement de la fréquence de la collecte de données dans le cadre du monitoring COVID-19 se fera durant les weekends et jours fériés.

Ainsi, à partir du samedi 27 juin, seront uniquement mises à jour sur le site internet www.covid19.lu les statistiques concernant :

• le nombre de tests ;
• le nombre de cas positifs ;
• le nombre de décès.

Tous les lundis, les données du weekend et les données du jour seront actualisées.

Toutefois, le recueil des indicateurs fondamentaux à la surveillance de l'évolution de l'épidémie, essentiel à la gestion de la crise sanitaire dans la durée, sera maintenu.

Back to Top
CIM LOGO