Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.601 Tester waren der 140 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, bei 128 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 140 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 6.601 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 35 Leit hospitaliséiert, 2 (+1) Persoun dovunner läit op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.091 aktiv Infektiounen. 7.900 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,10.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO