Coronavirus zu LëtzebuergVu 658 Tester waren der 30 positiv, 1 weider Persoun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 663 läit.
© RTL

Aktuell sinn 113 (+2) Persounen hospitaliséiert, dovunner 21 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.774 aktiv Infektiounen an 53.240 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,0. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO