
Aktuell si 97 (+2) Persounen hospitaliséiert, dovunner 32 (+3) op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.582 aktiv Infektiounen. 64.260 Persoune gëllen als geheelt.
3.698 Mënsche kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 2.454 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 206.707 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,91. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.