
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 14 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 706 Tester vu Residentë gemaach.
Aktuell si 36 (+17) Leit hospitaliséiert, 3 (+2) Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.124 aktiv Infektiounen. 7.128 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,52.