Coronavirus zu LëtzebuergVu 9.991 Tester waren der 48 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
En Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 48 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 9.991 Tester vu Residente gemaach.

Aktuell sinn 23 (+3) Leit hospitaliséiert, dovunner kee méi op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 607 aktiv Infektiounen. 6.292 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01.

PDF: Rapport Journalier vun der Santé (8.9.2020)

Back to Top
CIM LOGO