
Corona gëtt ëmmer manner eng Gefor fir déi ëffentlech Gesondheet, de Virus entwéckelt sech ëmmer méi zu enger individueller Infektiounskrankheet, fir déi jidderee seng Responsabilitéit muss iwwerhuelen. Esou kommentéiert de Professer Dokter Claude Muller, Spezialist an der Virologie, déi aktuell Situatioun an huet dobäi net d'Infektiounszuelen, mee d'Spideeler am Bléck.
Déi Situatioun an de Klinicke war jo vun Ufank un ee vun den Haaptfacteuren, wann et drëms gaangen ass, fir d'Situatioun anzeschätzen an d'Gefor, datt een an d'Spidol kënnt oder souguer intensiv Soine brauch, ass elo net méi esou grouss. D'Altersgruppen, déi d'Spideeler belaaschten, seet de Claude Muller, sinn zu 3/4 duerchgeimpft an déi Aner kommen net an e Spidol.
"Doduerch ass deen ëffentlechen Aspekt vum Corona vill manner wichteg ginn. Et geet elo drëms, deen individuelle Schutz ze garantéieren an do muss jiddereen erëm méi Eegeverantwortung iwwerhuelen, esou wéi dat bei all Krankheet de Fall ass. Jiddereen ass jo verantwortlech fir seng eege Gesondheet."
Ënner Eegeverantwortung versteet de Claude Muller ënnert anerem de Vaccin, dee fir de Spezialist an der Virologie den A an den O bleift.
"Impfen, impfen, impfen, op där enger Säit. Op där anerer Säit, wann d'Lockerungen esou bleiwen, wéi se sinn, da ka jidderee fir sech decidéieren, wéi vill Risiko e wëll agoen, dat heescht, jidderee ka selwer decidéieren, a wat fir enger Situatioun en eng Mask benotzt a wéi vill Distanzéierung en huet."
De Claude Muller zweiwelt net drun, datt eng drëtt Dosis nach besser schützt, gëtt awer och ze bedenken, datt et Länner gëtt, wou d'Leit mol nach net d'Méiglechkeet haten, fir eng éischt Impfung ze kréien.
D'Kräizimpfungen, also bei der zweeter oder villäicht drëtter Kéier en anere Vaccin ze benotzen, nennt de Claude Muller "super" aus reng wëssenschaftlecher Siicht. D'Decisioun wier awer eng politesch.
Kanner ënner 12 Joer kënnen den Ament jo nach net géint de Coronavirus geimpft ginn. Am Hierscht, bei der Rentrée, si si déi eenzeg, déi d'Méiglechkeet nach net haten, fir sech géint de Virus ze schützen. Eng Situatioun, an där d'Elteren eng grouss Verantwortung hunn, wéi de Spezialist an der Virologie, den Dokter Claude Muller seet. Si misste sech impfe loossen.
"Wann do eng Klack vun Elteren iwwert de Kanner ass, déi alleguer systematesch geimpft sinn, dann huet dat eendeiteg och e protektiven Effekt op d'Kanner, déi an d'Schoul ginn... "
De Claude Muller rechent awer domadder, datt et kuerzfristeg och méiglech gëtt, fir Kanner ënner 12 Joer géint Corona z'impfen. Schliisslech géifen aner Vaccine jo virun allem bei Kanner gemaach ginn.
Dem aktuelle Stand no ginn et offiziell erëm 944 aktiv Coronainfektiounen. An de leschten Deeg hu sech erëm däitlech méi Leit ugestach. De Professer Dokter Claude Muller huet iwwert déi lescht Wochen eng gewëssen Opbrochstëmmung festgestallt, duerch déi d'Hausse vun den Zuelen z'erkläre wier.
D'Vakanze spillen eng wichteg Roll, en Drëttel vun der Populatioun ass duerchgeimpft. D'Zuele si jo och fir d'éischt mol massiv zeréckgaangen, mä da gesi mer, wéi d'Leit enk beim Fussball zesummesëtzen, ouni Masken. D'Restaurante sinn opgaangen, mir hu Sportveranstaltungen, gréisser Treffe sinn erëm méiglech an dat gëtt sou e Gefill, wéi wann d'Pandemie eriwwer wier. D'Verhale vun de Leit dreift d'Infektiounsgeschehen elo erëm richteg un.
Fir de Claude Müller kënnt een awer lues a lues eraus aus der Situatioun, wou Corona eng Gefor fir déi ëffentlech Gesondheet war. Et géif elo ëmmer méi eng individuell Infektiounskrankheet ginn, wou jiddereen erëm méi Eegeverantwortung misst iwwerhuelen.