
Dat ass net ganz onwichteg fir d’Zukunft vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH).
Virun dräi Joer haten déi éischt Diskussiounen, fir esou ee Studiegang anzeféieren, ugefaangen. Vu September u wäerten dann déi éischt Studenten um Belval kënne begréisst ginn. Ma dat wäert net deen eenzege Campus sinn, dee si an deenen nächsten zwee Joer ze gesi kréien. D’Uni Lëtzebuerg schafft nämlech mat der technescher Héichschoul vu Berlin an der Universitéit vu Venedeg zesummen. D’Iddi ass, datt d’Studenten op d’mannst ee Semester an enger vun deenen zwou Partner-Unie verbréngen. Den Andreas Fickers ass den Direkter vum C²DH an erkläert, firwat ee mat deenen zwou Universitéiten zesummeschafft.
“Wir brauchten eben auch Partner, die diese doppelte Kompetenz hatten. Nicht nur in der Public History sondern auch in der digitalen Geschichtswissenschaft. Und da gibt es nicht so viele spezialisierte Angebote, insofern waren wir sehr froh. Venedig hat schon seit langem einen Schwerpunkt im Bereich der e-humanities und die TU Berlin hat einen eigenen Studiengang in Zusammenarbeit mit dem Zentrum für zeithistorische Forschung, einem unserer Partner.”
Nieft der Tatsaach, datt ee déi béid Partner scho kannt huet, géingen déi zwou Stied och d’Attraktivitéit vum Master erhéijen. Dësen ass sou ausgeluecht, datt d’Studente léieren, eege Fuerschungsprojeten ze entwéckelen. An dat huet ee ganz klore Grond.
“Weil wir mit dem C2DH also wirklich ein Zentrum geschaffen haben, das weltweit führend in diesem Bereich ist und wir zunehmend auch Probleme haben, Doktorantinnen und Doktoranten zu finden, um unsere vielen Projekte zu realisieren. Bei diesen Masterstudenten, die wir hier ausbilden werden, hoffen wir, dass wir auch Talentscouting machen können, um wirklich gute Studierende für den nächsten Schritt zu gewinnen, das ist die Promotion.”
De Studiegang wäert gréisstendeels op Englesch gehale ginn, mee d’Studente mussen awer och Kenntnisser am Däitschen oder Franséischen hunn. Qualifizéiert fir de Master in Digital and Public History sinn zum Beispill déi Studenten, déi ee Bachelor en Cultures Européennes mat der Spezialisatioun Geschicht hunn. Dëse gëtt och op der Uni Lëtzebuerg ugebueden.