
Méindes den 11. September fänken d’Privatwënzer mat der Drauwelies un. Dëst huet eis de Co-President Guy Krier op Nofro hi matgedeelt. Schonn dës Woch géifen éischt Tester an de Wéngerte gemaach ginn.
An där selwechter Woch ewéi d’Privatwënzer wäerten och d’Wënzer vun de Domaines “Vinsmoselle” an d’Lies goen. Dëst huet eis de Josy Gloden confirméiert. Géint den 13. oder 14. September géif et bei der Genossenschaft sou richteg lassgoen.
De Josy Gloden huet eis géintiwwer och nach gesot, datt nach Leit géife gesicht ginn, déi bei der Drauwelies eng Hand mat upake wéilten. Déi Interesséiert solle sech an den eenzele Kellereie mellen.
Erënnere mir drun, datt de Weekend vum 8. bis 10. September déi nei Wäikinnigin op der Musel, méi prezis zu Gréiwemaacher, gekréint gëtt. D’Loredana wäert de Lëtzebuerger Wäin am In- an Ausland da representéieren.
2022 hat d’Lies ëm méi oder manner déi nämmlecht Zäit ugefaangen.