De Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté weist d’Diversitéit vu Lëtzebuerg, déi am Alldag gelieft gëtt. Vun engem klenge Fest huet den Event sech zu engem Festival an de Foires Halen entwéckelt, mat iwwer 400 Stänn an etlechen Nationalitéiten, déi representéiert sinn.
Zu de Migrante vun der éischter Stonn hunn haaptsächlech d’Italiener, d’Spuenier, d’Portugisen an d’Kapverdianer gehéiert.
Iwwer déi lescht Joren hu sech awer och vill nei Associatioune gegrënnt. Leit, déi hu musse wéinst Krich, Honger an Aarmut hiert Land verloossen. Aus Syrien, dem Iran, der Ukrain oder dem Afghanistan, fir der just e puer ze nennen.