
Aktuell si 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien den Ament 4 Patienten op der Intensivstatioun. D’Santé mellt dann 234 Neiinfektiounen an 137 Reinfektiounen.
Am Ganze goufe bis ewell 1.292.095 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 303 waren ergänzend Dosen, wärend eng Persoun eng zweet Dosis krut a fir eng weider Persoun war et déi alleréischt Impfung.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,14. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.