
Aktuell sinn 31 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament allerdéngs keen op der Intensivstatioun.
134 Persounen hu sech eng weider Kéier mam Coronavirus infizéiert.
Am Ganze goufe bis ewell 1.291.498 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 497 waren ergänzend Dosen, wärend zwee eng zweet Dosis kruten a bei enger Persoun war et déi alleréischt Impfung.
D’Reproduktiounszuel läit bei 0,68. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.