Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.455 PCR-Tester waren der 384 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.139 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 33 Persounen hospitaliséiert, fënnef dovunner leien op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.291.286 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 549 waren ergänzend Dosen, wärend véier Persounen eng zweet Dosis kruten a bei sechs Persoune war et déi éischt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,96. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO