Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.480 PCR-Tester waren der 435 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.157 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell si 24 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament kee Patient op der Intensivstatioun. D’Santé mellt dann 260 Neiinfektiounen an 175 Reinfektiounen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.074 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 165 waren ergänzend Dosen, wärend eng Persoun eng zweet Dosis krut a fir zwou Persoune war et déi alleréischt Impfung.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO