Coronavirus zu LëtzebuergVun 10.119 Tester waren der 206 positiv, 4 weider Doudesfäll

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 647 läit.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 108 (+4) Persounen hospitaliséiert, dovunner 22 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 3.018 aktiv Infektiounen an 52.445 Persoune gëllen als geheelt.

924 Persoune kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 733 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 42.118 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,91. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO