Coronavirus zu LëtzebuergVun 10.526 Tester waren der 142 positiv, 3 weider Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 600 läit.
© RTL

Aktuell sinn 68 (+3)  Persounen hospitaliséiert, dovunner 15 (+1) op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.576 aktiv Infektiounen an 48.846 Persoune gëllen als geheelt.

E Méindeg kruten 149 Persounen hir 1. Dosis gesprëtzt, 362 Leit kruten hir 2. Dosis gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 18.139 Dosissen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO